Zu Marseille
Um Sonndeg de Moie sinn 3 Leit an enger Schéisserei ëm d'Liewe komm

An deene leschte Méint ass d'Gewalt an der zweetgréisster franséischer Stad däitlech an d'Luucht gaangen. Hannergrond ass e Krich tëschent Drogebanden.
Kuerz no 5 Auer hu Männer mat Kalachnikoven op en aneren Auto geschoss an deem 5 Persoune souzen.
3 Männer vun ëm déi 20 Joer goufen déidlech blesséiert a sinn nach op der Plaz gestuerwen. Deenen zwee aneren ass näischt geschitt.
Déi Schëlleg hu sech dovu gemaach.
Der Noriichtenagence AFP no sinn zënter dem Ufank vum Joer schonn 21 Leit am Zesummenhank mat Drogekriminalitéit zu Marseille ëm d'Liewe komm.
Am meeschte gelies