E Méindeg komme béid Politiker zesummen, fir z'evitéieren, dass d'USA zuelungsonfäeg ginn.

Dat hu béid Säiten e Sonndeg zu Washington matgedeelt.

"Meng Positioun huet sech net geännert", esou de Kevin McCarthy op Twitter. D'Regierung kéint net weider Suen ausginn, déi se net hunn. Den Joe Biden sengersäits huet d'Fuerderunge vun de Republikaner als inakzeptabel zeréckgewisen.

D'US-Finanzministesch Janet Yellen huet op en Neits drop gedrängt, dass de Scholdesträit tëscht Regierung a Republikaner misst op en Enn kommen. Sollt déi iewescht Scholdegrenz net virum 1. Juni ugehuewe ginn, kéint d'US-Regierung hir Rechnungen net méi bezuelen, huet d'Yellen gewarnt.