Éischt Fra an éischte Mann aus Saudi-Arabien a Richtung ISS gestart

© AFP
E Sonndeg den Owend eiser Zäit ass vum Kennedy Space Center a Florida aus eng SpaceX-Rakéit a Richtung international Raumstatioun ISS gestart.
U Bord vun der Dragon-Kapsel si véier Leit, dorënner déi éischt zwee Astronauten aus Saudi-Arabien. Et ass eng Première fir dat arabescht Land.
D'Kriibsfuerscherin Rajana Barnawi an de Kampfpilot Ali Al-Karni gehéieren zu der Besatzung vun enger privater Missioun. Si sollen d'ISS am Laf vun e Méindeg erreechen a sech do 10 Deeg laang ophalen. Zu der Crew gehéieren awer och d'US-Astronautin Peggy Whitson an den US-Entrepreneur John Shoffner, deen de Pilot vun der Raumkapsel ass.
D'Ekipp soll wärend dem Openthalt ronn 20 Experimenter ausféieren. Bei engem soll d'Verhale vu Stammzellen ouni Gravitatioun ënnersicht ginn.
D'Missioun gouf vun der US-Firma Axiom Space organiséiert. Fir Saudi-Arabien ass et, wéi gesot, déi éischt Bedeelegung un enger ISS-Missioun.