"Nea Dimokratia" wënnt d'Parlamentswalen, trotzdeem sinn Neiwale warscheinlech

© AYHAN MEHMET / ANADOLU AGENCY / Anadolu Agency via AFP
Déi konservativ Partei vum Premier Kyriakos Mitsotakis kënnt, nodeems 90 % vun de Walziedelen ausgefëllt sinn, op 41 % vun de Stëmmen.
D’Lénkspartei Syriza kéim op 20% an déi sozial-demokratesch Pasok just op ronn 12%.
Well keng Partei eng absolutt Majoritéit erreeche wäert an et a Griicheland nëmme seelen zu Koalitioune kënnt, wäert allerdéngs wuel mussen nei gewielt ginn. De Gewënner vum 2. Walgang kritt dann automatesch 20 Sëtz am Parlament bäi. Dat ass an der griichescher Verfassung festgehalen.
De Mitsotakis hat schonn e Sonndeg den Owend viru sengen Unhänger annoncéiert, dass hien et wéilt op Neiwalen ukomme loossen, fir sech mat den 20 Extra-Sëtz déi absolutt Majoritéit am Parlament ze sécheren. Och de President vu Syriza Alexis Tsipras geet vun Neiwalen aus. Dës kéinten am Juli stattfannen.
D'Situatioun virun de Walen
Den aktuelle Premier Kyriakos Mitsotakis huet sech am Walkampf op de Wirtschaftswuesstem an de leschte 4 Joer an déi griichesch Aussepolitik beruff. Seng Partei louch an de Sondagë virun der Lénker Oppositiounspartei vum fréiere Premier Alexis Tsipras, deen d'Land vun 2015 bis 2019 duerch d'Finanzkris gefouert huet.
Hie wëll vun de Leit eng zweet Chance kréien, fir ze weisen, wat seng Partei areeche kann, wann d'Staatsdepensen net vun der EU an dem Internationale Wärungsfong gedeckelt ginn.
En anert wichtegt Gesiicht bei dëse Walen ass de President vun der sozialdemokratescher Pasok Partei, den Nikos Androulakis.
Hien hat am Fréijoer fir grousst Staune gesuergt, wéi hie gesot hat, hie géif nëmmen an eng Regierung goen, wa weder déi Konservativ nach déi Lénk géifen de Premier stellen.