No de katastrophalen Auswierkunge vum Coronavirus sollen zukünfteg Pandemien besser oflafen.

Op der UN-Joresversammlung zu Genf beroden d'WHO-Memberstaate bis Enn vum Mount ënner anerem den Ëmgang mat weltwäite Gesondheetsrisiken.

Konkret gëtt aktuell iwwer eng besser Preventioun géintiwwer Pandemien an e méigleche besseren Ëmgang, wéi et bei der Corona-Pandemie de Fall war. D'Verhandlungen iwwer en entspriechend internationaalt Ofkommes stinn nach am Ufank, bis zur nächster WHO-Joresversammlung am Mee 2024 sollen awer ofgeschloss sinn.

"De Pandemie-Vertrag, iwwert deen d'Memberstaaten den Ament verhandelen, muss en historesche Vertrag ginn", fuerdert den Tedros. Et misst e "Paradigmewiessel bei der weltwäiter Gesondheetspolitik" ginn. Dobäi misst unerkannt ginn, "dass eis Schicksaler matenee verbonne sinn".

Wärend der Corona-Pandemie gouf et ëmmer nees Virwërf virun allem a Richtung vu räichen Industriestaaten, dass dës nëmmen hir eegen Interessie verfollegen a beispillsweis bei Impfstoffer d'Bedierfnesser vun aarme Länner ignoréieren. Weltwäit koumen duerch d'Corona-Pandemie der WHO no op d'mannst 20 Millioune Mënschen ëm d'Liewen.