D'Police ass zefridde mat dësem Bilan. Bei idealem Motorsport- a Campingwieder gouf et nëmme wéineg Virfäll op der 24-Stonne-Course um Nürburgring.

Et koum bis e Sonndeg 16 Auer am Ganze zu 30 Strofdoten. Ronderëm den Terrain koum et zu 22 Accidenter, bei deenen dräi Persoune blesséiert goufen.

Am Beräich vum Ring-Boulevard gouf e Samschdeg géint 16.30 Auer en Exponat vun enger Formel-1-Kuppelung am Wäert vun ongeféier 20.000 Euro geklaut. An deem Kader sicht d'Police no Zeien, all Informatiounen ass fir d'Policedirektioun Mayen um 0049 (0) 02651/801-0.

Wéi d'Organisateure matgedeelt hunn, waren 235.000 Visiteuren op den Tribünen a Campingterraine ronderëm d'Rennstreck. Just un den Haapturees- an Ofreesphase koum et zu Stau an Zéifloss a sämtlech Direktiounen, wat awer erwaart gi war.

Wéi et vun der Police heescht, wier de ganzen Asaz wärend der Course um Nürburgring no Plang verlaf. Am Hibléck op déi héich Visiteurszuel an de bekannte Massephenomen wier et roueg bliwwen. Esou een Oflaf géif ee sech och an zwou Wochen um "Rock am Ring" wënschen.