Grénge Staatssekretär Graichen riskéiert Verloscht vun Dokteraarbecht

© JOHN MACDOUGALL / AFP
Déi däitsch Gréng hunn et den Ament net liicht. An der Kritik steet virun allem de Wirtschaftsminister Habeck.
Dat wéinst sengem Projet, d'Wärmepompele mëttelfristeg ze imposéieren a wéinst der Manéier, wéi hie säi Ministère geréiert huet.
Ma och dem Robert Habeck säi Staatsekretär Patrick Graichen, dee rezent huet misse vu sengem Posten demissionéieren, kënnt den Ament net aus dem Kräizfeier eraus. Hie riskéier elo nämlech och nach, säin Doktertitel ze verléieren.
Wat war passéiert?
Wéinst dem Projet Wäremepompel koum de Bundeswirtschaftsministère net méi aus de Féiss. Et gouf gebuert an nogefrot an do koumen, nieft Kritik vun de Koalitiounspartner, och nach Mëssstänn bei der Gestioun vum Ministère op d'Tapéit.
Et goung ëm familiäert Gemauschels vum Staatssekretär Patrick Graichen beim Besetze vu Spëtzeposte mat Vertrauensleit aus der eegener Famill oder dem Frëndeskrees. Dono koum och nach d'Verdeele vu staatleche Gelder an Héicht vun iwwer enger hallwer Millioun Euro zu Gonschte vun enger nationaler Klimaschutz-Initiative bei där et e Lien zum Gräichen senger Schwëster gëtt.
Verdacht op Plagiat vun der Dokteraarbecht
Elo kënnt och nach de Reproche vu Plagiat beim Graichen senger Dokteraarbecht op der Uni Heidelberg dobäi.
D'Bild am Sonntag war dorobber gestouss respektiv opmierksam gemaach ginn, an huet de Jochen Zenthöfer dermadder chargéiert, dem Reproche op de Grond ze goen.
Deen ass fräie Mataarbechter op der Uni Lëtzebuerg an der Frankfurter Allgemeine Zeitung an ass als Auteur Spezialist fir Froen a Saache Plagiat. Hien huet 30 Passagen an der Dokteraarbecht fonnt, bei deenen de Patrick Graichen d'Quell net uginn huet.
Zu der Fro, ob hien net riskéiert, zum Ball vun engem politesche Spill ze ginn, mengt de Jochen Zenthöfer, dass de Patrick Graichen sech duerchaus eng Partie Froe misst gefale loossen.
"Auch wenn er jetzt in einstweiligen Ruhestand versetzt wurde. Er kriegt ja weiter Ruhestandsgehälter von über 70 % seines früheren Einkommens bis zum Lebensende. Also das ist schon eine Person mit einem großen politischen Einfluss, und da darf man dann auch Fragen stellen zum Lebenslauf. Zumal der Herr Graichen keinen Universitätsabschluss haben soll, wo sich die Frage stellt, wie der überhaupt promovieren konnte.
Da sind noch einige Fragen offen, und wenn jemand in so einer verantwortungsvollen Position Energiepolitik macht, muss er sich solche Fragen aus gefallen lassen. Egal, von welcher Partei diese Person ist."
De Patrick Graichen selwer léist déi Virwërf net gëllen. Se géife just d'Introduktioun an net de wëssenschaftleche Kär vu senger Dokteraarbecht viséieren. Hien huet selwer d'Uni Heidelberg ëm een Avis gefrot.