De Krich an der Ukrain an d'Situatioun am Iran stoungen op der Agenda

© STR / NurPhoto/ NurPhoto via AFP
D'russesch Aggressioun an der Ukrain ass e Méindeg de Sujet am Conseil vun den EU-Ausseministeren zu Bréissel.
U sech ass et de Suivi vun de geopoliteschen Diskussiounen, déi d'Ministeren ewell d'lescht Woch zu Stockholm haten.
De Jean Asselborn ass virun der internationaler Press e Méindeg de Moien ënnert anerem op den Afloss vu China op de russeschen President Putin ze schwätze komm. Dem Lëtzebuerger Ausseminister no hätt China e groussen Afloss op de Wladimir Putin.
Op d'russesch Aggressioun an der Ukrain ugeschwat, sot de Jean Asselborn, datt d'EU op der Säit vun den Ukrainer géif stoen, déi attackéiert gi wieren a sech op hirem Territoire och misste kënne verdeedegen.
D'Situatioun am Iran ass e Méindeg och e wichtege Sujet um EU-Diplomatie-Sommet. Rezent war et am Iran jo zu 3 weideren Exekutioune komm.
D'EU wëll dann och net acceptéieren, datt d'Mënscherechter esou massiv vum Regime zu Teheran mat Féiss getrëppelt ginn.
Duerfir gëtt et e Méindeg och de Feu-Vert fir en 8. Sanktiouns-Pak géint den iranesche Regimm.
Virum Ufank vum Conseil hu sech iwwerdeems eng ganz Rëtsch EU-Memberlänner gesinn, fir sech an engem "Grupp vu Frënn" zesummen ze dinn, fir am Domaine vun der gemeinsamer Aussen- a Sécherheetspolitik méi op d'qualifizéiert Majoritéit ze setzen.