Op ukrainescher Säit ass ee sech bewosst, datt déi nächst Méint keng einfach wäerte ginn.

''Et ass wichteg, dass d'Allianz d'Ukrain sou laang ënnerstëtzt, wéi et néideg ass", esou ee vun de Messagen um Enn vun der Fréijoers-Sessioun vun der parlamentarescher Versammlung vun der NATO hei zu Lëtzebuerg. Op ukrainescher Säit ass een sech bewosst, dat déi nächst Méint keng einfach wäerte ginn.

"A schwieregen Zäite brauch ee staark Leit. A vill hänkt vun iech of. An äre Länner, an äre Parlamenter, si dir Politiker déi eppes ze soen hunn, déi Afloss op d'Regierungen hunn. Zesumme kënne mer derfir suergen, dass méi Waffen a Munitioun un d'Ukrain geliwwert ginn, fir dass de Feind verléiert, sou séier wéi méiglech", sou de Chef vun der ukrainescher Delegatioun, Yehor Cherniev e Méindeg de Moien virun den Deputéiert a Senateuren aus 46 Natiounen.

RTL

© Jeannot Ries

"Ech hunn d'Symbol vum zerstéierte Mythos vu Russland matbruecht. E Stéck vun hirer Hyperschall-Missile ''Kinjal'', mat där se d'Welt terroriséiere wollten", sou de Cherniev weider. 7 Kinjal-Missile vu 7 hätten d'Ukrainer ofgeschoss. Dank dem Asaz vu Waffesystemer, déi de Weste geliwwert huet. Déi Allianz wier net ze schloen, wann ee weider zesummen hale géif.

Live vu Kiew bäigeschalt huet den ukrainesche Verdeedegungsminister den Appell un d'Alliéiert geriicht, virop weider Loftofwier-Systemer a gepanzert Gefierer, respektiv Kampf-Panzeren ze liwweren, fir weider vu Russland besat Territoiren ze befreien. Den Oleksii Reznikov huet d'Invasioun vun der Ukrain als "Clash vun den Zivilisatiounen" beschriwwen: "Wann d'russesch Aggressioun och nëmmen an iergend enger Form zu engem Erfolleg kéim, wäert dat all Regime stäerken, Gewalt ze benotzen, fir zu sengem ze kommen. Dat géif zur Eskalatioune féieren. Am asiatesch-pazifesche Raum, am mëttleren Osten, a Latäinamerika, um Balkan, am Kaukasus."

Drock op Lëtzebuerg

Et war eng Plenière, wärend där d'Gaaschtland Lëtzebuerg sech ënner aneren och huet misse kritesche Froe stellen, zum Beispill wisou eist Land den Ament net emol 1% vu sengem PIB fir d'Defense ausgëtt.

De Premier Xavier Bettel iwwert säi Verdeedegungsminister François Bausch: "Avoir un ministre de la Défense écolo, qui double le budget de la défense, on n'y a jamais cru. Jamais. Il ne pensait pas, quand il a commencé la politique, qu'en tant que vice-premier ministre, ministre de la Défense, il allait doubler le budget de la défense. Et il l'a fait. Donc, je pense que cette évolution est importante. On veut aussi dépenser de l'argent de manière intelligente."

De Verdeedegungsminister François Bausch huet dorops hin ënnerstrach, dat Lëtzebuerg an héichwäerteg, deels ganz innovativ Programmer investéiert, vu Satellitte-Systemer bis Cyberdefense.