Zwee Doudeger an dräi schwéier Blesséierter bei Accident op der B266

© Input-Presse
Zu engem schroen Accident koum et e Méindeg am spéiden Nomëtteg op der däitscher B266. Bei enger rouder Luucht hate sech dräi Ween ze pake kritt.
Op der Héicht vun enger Kräizung koum et deemno zum fatalen Accident mat den 3 Gefierer, déi a Richtung Euskirchen ënnerwee waren. Zwou Fraen am Alter vu 84 a 40 Joer sollten net iwwerliewen, zwee weider Mënsche goufen deels schwéier blesséiert.
Och eng Zeien, déi op der Plaz gehollef huet, huet missen an d'Spidol ageliwwert ginn. Si hat e Schock.
D'Lag op der Onglécksplaz wier oniwwersiichtlech gewiescht, deemno kënne weder Informatiounen zu der Ursaach vum Accident gemaach, nach e Schued chiffréiert ginn.
D'B266 war wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte fir e puer Stonne gespaart. Och d'Spueresécherung war op der Plaz, souwéi Pompjeeën, d'Police, den DRK an zwee Rettungshelikopteren.