Produktiv Gespréicher, ma nach ëmmer keen Deal

© AFP Archivbild
Eng weider Renconter tëscht dem US-President Biden an dem republikanesche Chef vum Representantenhaus McCarthy huet nach ëmmer keng Léisung erginn.
An dat annerhallef Woch virun engem méiglechen "Default" am amerikanesche Scholdesträit. D'US-Regierung riskéiert op den 1. Juni de facto faillite ze sinn.
Den amerikanesche Staat kéint dann näischt méi bezuelen: Keng Paien, keng Pensiounen, keng Sozialleeschtungen an och soss näischt. Et ass och definitiv net déi éischte Kéier, dass zu Washington dës Alarmklacke schellen. Et ass wéi beim Héichsprong, déi fixéiert Barre vun der Staatsschold vun der gréisster Vollekswirtschaft op der Welt gëtt alt nees gerass.
D'Republikaner, déi d'Majoritéit am Representantenhaus hunn, wëllen, dass den demokratesche President Biden d'Handbrems bei den Depensen zitt. Et ass wéi gesot net déi éischte Kéier an et ass een u sech an de Joren ëmmer um leschte Stëppel eens ginn. Ekonomiste warne fir d'Xte Kéier:
Zeg Millioune Pensionäre kréie keng Rent, d'Leit beim Staat kréie keng Pai a bei engem méi laange Shutdown kéinten iwwer 8 Millioune Leit an den USA hir Aarbecht verléieren. D'amerikanesch Wirtschaftsleeschtung riskéiert ëm 6% zeréck ze goen. D'Ratingagencë misste bal de Rating vun den USA erofsetzen, d'Zënse géife klammen an d'Bourssen den Hick kréien.
Virun enger Dose Joer hat zum Beispill den S&P-500-Index am Mount virun engem Accord tëscht Demokraten a Republikaner méi wéi 16% noginn. Esou eng Tendenz an den USA géif och fir méi oder manner chaotesch Zoustänn op de Finanzmäert weltwäit suergen.
Nieft dem Krich an der Ukrain oder der Situatioun ronderëm Taiwan dierft den Joe Biden rezent beim G7-Sommet an de Kulissen och iwwert de Risk vun engem Shutdown ugeschwat gi sinn. De Biden huet nach eng Tromp am Grapp. Hie kéint engem Verfassungszousaz no einfach weider Sue léine goen, well deem Text no d'Rechtméissegkeet vu Staatsscholden net a Fro dierf gestallt ginn.
Esou eppes huet et bis ewell nach net ginn. Et ass ee sech ëmmer nees op der leschter Ligne droite eens ginn. E bësse wéi beim "Dinner for one". Déi selwecht Prozedur wéi ëmmer.