16 Joer ass et hier, datt dat klengt Madeleine McCann an der portugisescher Algarve verschwonnen ass. Elo hunn d'Autoritéiten eng nei Sich no em lancéiert.

Vun en Dënschdeg u soll e Stauséi ofgesicht ginn, dee ronn 50 Kilometer wäit fort vum Vakanzenhaus zu Praia da Luz läit, aus dem dat brittescht Meedchen den 3. Mee 2007, kuerz viru sengem 4. Gebuertsdag verschwonne war, wärend seng Elteren an engem Restaurant fir owes giess haten.

Obwuel de Fall weltwäit fir grouss Opmierksamkeet gesuergt hat a mat groussem Opwand nom "Maddie" gesicht gouf, konnt en ni opgeléist ginn. Tëschenzäitlech waren och d'Eltere vum Meedchen, dat haut 20 Joer al wier, an de Fokus vun den Ermëttlunge geroden.

Am Juni 2020 koum et dunn zu enger iwwerraschender Wendung am Fall, wéi de Parquet vu Braunschweig matgedeelt hat, datt een Ermëttlunge géint en däitsche Staatsbierger féiere géing. Dëse soll tëschent 1995 an 2007 reegelméisseg un der Algarve gelieft hunn an och wéinst enger Rei Sexualdelikter virbestrooft sinn. Den Ament sëtzt hie wéinst enger Vergewaltegung a Portugal aus dem Joer 2005 am Prisong, zejoert gouf e vum Parquet vu Braunschweig wéinst nach anere Sexualverbriechen ugeklot, déi hien och a Portugal tëschent 2000 an 2017 soll begaangen hunn. Eng Uklo am Fall vum Madeleine McCann gouf et bis ewell nach net.

E Méindeg hat déi portugisesch Police annoncéiert, datt ee vun en Dënschdeg u weider Sichaktiounen organiséiere wäert. Dëst op Wonsch vun den däitschen Autoritéiten, déi nieft portugiseschen a brittesche Beamten och un der Sich bedeelegt sinn. Duerch déi aktuell dréche Wiederkonditiounen erhofft ee sech, besser bei den Ermëttlunge virunzekommen.

RTL

© AFP/Archiv/FRANCISCO LEONG