Fréieren Entertainer a verurteelte Sexualtäter Rolf Harris ass dout

© AFP/Niklas Halle'n
Den Australier, dee souwuel a sengem Heemechtsland wéi och a Groussbritannien als Entertainer bekannt war, ass en Dënschdeg am Alter vun 93 Joer gestuerwen
Dem Harris sengem Famill huet matgedeelt, hie wier friddlech an ëmgi vu senger Famill a Frënn verstuerwen. D'Famill huet ëm de Respekt vun hirer Privatsphär gebieden a gesot, et géif een den Doud net wieder kommentéieren. wourunner de fréieren Entertainer gestuerwen ass, ass nach net bekannt. A senger Zäit als TV-Perséinlechkeet huet hien ënnert anerem Kanner-Emissiounen a Serien iwwer Konscht an Déiere moderéiert.
2014 gouf de Rolf Harris wéinst eelef Fäll vu sexueller Gewalt géint Mineuren zu enger Prisongsstrof vu fënnef Joer an néng Méint verurteelt. 2017 gouf hien nees aus dem Prisong entlooss. Entschëllegt huet hie sech bei sengen Affer awer ni. D'Faite ginn op eng Zäit tëscht 1968 an 1986 zeréck. Ënnert den Affer waren zwee Meedercher an hire fréien Teenagerjoren an eng Frëndin vum Harris sengem Meedchen.