Faillite vum Regimm fir Zousazpensioune vun Deputéierte soll opgeschuppt ginn

De Büro vum Europaparlament huet Mesurë geholl, fir dës Faillite bis no den nächsten Europawalen erauszezögeren.
Eng definitiv Léisung gëtt et awer nach net.
«Mir mussen handelen», sou de Marc Angel, LSAP-Europadeputéierte a Vize-President vum Parlament. Ouni Mesuren ass de Regime fir den Europadeputéierten hir Zousazpensiounen d’iwwernächst Joer Faillite. En huet den Ament 310 Milliounen Euro ongedeckte an indexéiert Pensiounsverspriechen op de Bicher. A fir déi misst d’Europaparlament opkomme mat ëffentleche Gelder.
«Mir maachen eng Reduktioun vun de Pensioune vu 50 Prozent fir all d’Beneficiairen. Den Index gëtt agefruer op deene Pensiounen. An de Pensiounsalter, wa se se däerfe kréien, gëtt vu 65 op 67 (Joer) eropgesat.»
Mat deene Mesurë geet den Defizit eisen Informatioune no op 86 Milliounen Euro erof. An d’Faillite kéim eréischt 2027 – also no den nächsten Europawalen. Fir de Montant weider ze drécken, gesäit eng zousätzlech Mesure fir, «datt se fräiwëlleg eraus ginn aus dem Fong a sech ausbezuele loossen.»
De Marc Angel ënnersträicht : «Dat hei sinn Zweet-oder Drëtt-Pensioune vun deene Leit. Dat sinn net Pensiounen, op déi se ugewise sinn. »
Dobäi kéim, «datt verschidde Memberen, déi abezuelt hunn, net vun hirer Pai, mee vun der General expenditure allowance.» Also och vu Steiersuen. Et wier also net esou, wéi wa mer géife grouss a Pensiounsrechter agräifen, argumentéiert hien.
Nawell wier och eng Härtefallregelung virgesinn, fir Leit, déi net ouni hir Zousazpensioun kéinte liewen.
Fir sou eng Situatioun ze evitéieren, hätt si deemols abezuelt, erkläert déi fréier Europadeputéiert Astrid Lulling. «Mir hu ganz vill Kotisatioune bezuelt, well ech sécher war, datt ech keng uerdentlech Pensioun kréich vun eisem System, well ech ni vill oder näischt verdéngt hunn. Deemools si nämlech d’Deputéierten net bezuelt ginn.» Iwwer hir Zousazpensioun seet si : «Ech ka net drop verzichten.»
2009 wéi d’Europadeputéiert en eegene Statut mat enger Pensioun dobäi kruten, gouf de Regime fir nei Memberen zougemaach. Dofir waren d’Liquiditéitsprobleemer inevitabel. «All Pensiounsfong, wann der do verbitt, datt nei Membere kommen, da geet dee Faillite, well da si jo ëmmer méi Leit, d’Pensioun kréien an ëmmer manner Leit, déi dra bezuelen », sou d’Astrid Lulling. Dofir hat d’Europaparlament deemools d’finanziell Responsabilitéit fir déi bestoend Beneficiairen iwwerholl. An dowéinst fäert eng aner RTL-Source, déi den Dossier gutt kënnt, datt d’Mesuren juristesch ugräifbar sinn.
Géif d’Astrid Lulling viru Geriicht goen, fir hir Pensioun anzekloen, wa se halbéiert géif ? «Ech net eleng », seet si, « Et gëtt jo awer Honnerten Deputéierten, déi dovu betraff sinn. Da musse mer kucken, wat mer maachen.»
Och déi fréier CSV-Europadeputéiert Erna Hennicot wëll net eleng virgoen, si géif sech deem uschléissen, wat d’Associatioun vun den pensionéierte Deputéiert zu Bréissel géing decidéieren, seet si.
«Ech hunn nach keng Decisioun geholl », seet den aktuellen DP-Europadeputéierten Charles Goerens. Hien hätt tëscht 1994 an 1999 ongeféier dausend Euro de Mount an den Zousaz-Regime kotiséiert, alles an allem tëscht 45.000 a 50.000 Euro. Hie mengt, datt en déi egal wéi net géif ausbezuelt kréien.
D’CSV-Politikerin Viviane Reding an de Robert Goebbels, LSAP, déi och an de Regime abezuelt hunn, wollte sech net äusseren. D’Colette Flesch vun der DP war bis Redaktiounschluss net ze erreechen.