En 31 Joer ale Mann konnt zu Nierstein festgeholl ginn, nodeems dëse sech en Dënschdeg mat engem Messer a sengem Neveu an enger Wunneng verschanzt hat.

Géint 7 Auer en Dënschdeg de Moie war der Police vun Nierstein e Mann gemellt ginn, dee mat engem Messer duerch d'Stad géing lafen. Wéi d'Beamten doropshi beim Mann ukoumen, huet dëse sech an der Wunneng vum Papp vum 14 Joer ale Bouf zesumme mat dësem verschanzt. Kuerz no 15 Auer wollt den 31 Joer ale Mann sech dunn iwwert eng Fënster op der éischter Etage duerch d'Bascht maachen, gouf dunn awer vun de Beamte vum "Spezialeinsatzkommando" gestoppt.

Beim Sprong aus der Fënster ass dem Mann näischt geschitt an och den Neveu gouf bei der ganzer Aktioun net blesséiert. Si ginn awer nach medezinesch betreit. De Monni soll éischten Erkenntnisser no an engem "psycheschen Ausnamezoustand" gehandelt hunn.

Wéi et Policespriecher erkläert, hätt ee "laang probéiert, Kontakt mat him opzehuelen", ma well d'Situatioun awer "onkloer" war gouf dat ganzt Haus ofgespaart. Donieft konnt och net ausgeschloss ginn, datt de Jong a Gefor wier, wouduerch op d'Spezialforcë wéi den SEK an engem sougenannte Verhandlungsgrupp zréckgegraff gouf. Elo gëtt iwwerpréift, wat d'Ursaach fir d'Handele vum Monni war. Dofir gëtt och mat der Famill geschwat.