Taifun Mawar op der Insel Guam ukomm

De Stuerm soll mat bis zu 225 Stonnekilometer "direkt" iwwer d'Insel zéien a kéint schwéier Iwwerschwemmungen ausléisen.
Déi éischt Ausleefer vum Taifun Mawar sinn e Mëttwoch wéi virausgesot op der Pazifik-Insel Guam ukomm. Et wier deen éischte Stuerm vun dëser Envergure an 20 Joer, esou d'Gouverneurin vun der Insel Guam, op där eng 170.000 Mënsche liewen an op där och ee wichtegen Ausseposte vun der US-Arméi ass. Iwwerschwemmungen, staarke Reen a Stierm si méiglech, wann den Taifun der Insel am Laf vum Dag méi no kënnt a méi staark gëtt.
D'Autoritéiten hunn d'Leit, déi an der Géigend vun der Küst liewen, dozou opgeruff, sech "direkt a Sécherheet ze bréngen", keen Auto ze fueren a sech doheem net an der Géigend vu Fënsteren opzehalen. En Donneschdeg soll sech de Stuerm nees calméieren.
Den US-President Joe Biden hat schonn en Dënschdeg den Noutstand fir d'Insel Guam Ausgeruff, déi jo een US-Territoire ass. Esou sollen am Noutfall séier Hëllefe mobiliséiert kënne ginn.
Op der Insel am Pazifik sinn eng 22.000 US-Zaldoten mat hire Famillje stationéiert. Reegelméisseg leeën do ënnert anerem Atom-U-Booter un, an op der Insel ginn et nieft wichtege Pëtrolslageren, och eng Rei Iwwerwaachungssystemer.