Nodeems Bayern d'Annonce scho gemaach huet, wëll elo och Nordrhein-Westfalen de Modell-Projet fir d'Legaliséierung vu Cannabis stoppen.

Zu Düsseldorf géif sech de Gesondheetsministère "grondsätzlech" géint d'Zouloossung vum Modell-Projet ausschwätzen, wéi eng Spriecherin vum Ministère der "Rheinischen Post" sot. D'Regierung hätt bis ewell keng Léisung parat, wéi de Projet kéint an Aklang mam Vëlker- oder Europarecht bruecht ginn. Ausserdeem wier ee wichtege Grond och d'Gefor vu "Gehierschied duerch Cannabis bei jonken Erwuessene bis 25 Joer". Eng Rei Stied am Bundesland - dorënner Köln, Bonn an Düsseldorf - hunn allerdéngs schonn Interessi um Projet zu der Legaliséierung vu Cannabis annoncéiert. An de Modell-Regioune soll de Verkaf iwwer Geschäfter mat spezielle Lizenze getest ginn. Déi däitsch Regierung wëll Cannabis u sech nach dëst Joer deelweis legaliséieren. De Besëtz vu bis zu 25 Gramm Cannabis fir den eegene Gebrauch soll erlaabt ginn, wann et der Koalitioun no geet.

De Cannabis soll staatlech kontrolléiert iwwert Veräiner kënnen un de Konsument kommen. Och de private Besëtz vu bis zu dräi Planze soll erlaabt ginn.