Déi eng rëselen de Kapp, déi aner ginn hinne Recht: D'Meenunge gi bei den Aktioune vun der "Letzte Generation" diametral auserneen.

An Däitschland sti si fir e méi radikalen Ëmweltschutz ëmmer nees an der Aktualitéit, andeems d'Aktiviste sech zum Beispill op Stroosse festpeschen.

Perquisitioune géint "Letzte Generation" / Rep. Jean-Marc Sturm

E Mëttwoch de Moie gouf et eng grouss ugeluechte Razzia géint Membere vun den Öko-Aktivisten. Mat enger grousser Interventioun huet an Däitschland de Parquet a siwe Bundeslänner, ënnert anerem a grousse Stied wéi Berlin, München oder nach Hamburg 15 Wunnengen a Büroe vun der "Letzte Generation" duerchsiche gelooss. 170 Poliziste waren am Asaz.

D'Enquête riicht sech géint siwen Aktivisten. Zwee vun hinne stinn am Verdacht, d'Pëtrols-Pipeline Triest-Ingolstein am Abrëll d'lescht Joer sabotéiert ze hunn.

Den allgemenge Reproche ass d'Formatioun respektiv d'Ënnerstëtze vun enger krimineller Vereenegung. Et geet och ëm eng Spendenaktioun, bei där bal 1,5 Milliounen Euro fir weider Aktioune gesammelt goufen. Aktiounen, déi an den Ae vum däitsche Parquet Strofdoten duerstellen.

D'Klimaaktiviste vun der "Letzte Generation" peche sech, am Numm vun der Lutte géint d' Äerderwiermung, un d'Strooss oder Gefierer a blockéieren den Trafic. Genervten Automobiliste ginn esou wäit, dass se d'Membere vun der leschter Generatioun Deels mat Gewalt vum Makadamm gezunn hunn. D'Aktiviste spraye och beispillsweis Faarf op Konschtwierker a grousse Muséeën oder pechen sech dru fest.

Sympathisante soen, d'Razzie wiere komplett iwwerdriwwen. Se sollte sech géint déi riichten, déi fir d'Klimakris responsabel sinn. Änlech Téin komme vun dem lénke politesche Bord. Do schwätzt ee vun zivillem "Ungehorsam", deen ubruecht wier.

Den däitsche Kanzler Olaf Scholtz fënnt d'Aktiounen dogéint, Zitat " völlig bekloppt".

Ëmfroen an Däitschland hunn erginn, dass d'Lutte géint d'Äerderwiermung fir eng Majoritéit wichteg ass. Iwwer 90 Prozent sinn awer och iwwerzeegt, dass d'Aktioune vun der "Letzte Generation" iwwert d'Zil erausginn an dem Klimaschutz kee Gefale maachen.