De Ron DeSantis wëll fir d'US-Presidentschaftswalen 2024 untrieden

De Ron de Santis mat senger Fra Casey. / © AFP/Giorgio VIERA
Bei den US-Republikaner ass spéitstens zënter e Mëttwoch den Owend de parteiinterne Walkampf lancéiert.
Nieft dem Donald Trump wëll och de Gouverneur aus dem Staat Florida als republikanesche Presidentschaftskandidat untrieden.
De Ron DeSantis huet elo offiziell seng Kandidatur eragereecht a se live beim Elon Musk op Twitter annoncéiert, allerdéngs mat gréisseren technesche Problemer. Pannen, déi direkt dofir gesuergt hunn, datt d'Leit de Geck gemaach hunn.
Den US President Joe Biden huet ma tgestëppelt an op Twitter e Link gepost, bei deem stoung "deen hei Link funktionéiert" a wann een drop geklickt huet, koum een op eng Säit fir den Demokrat am Walkampf z'ënnerstëtzen.
Wien elo géint hien untrëtt muss sech weisen, mä de Sondagen no huet den Donald Trump definitiv besser Kaarte wéi de 44 Joer ale Ron DeSantis. Dee gehéiert genee wéi den Ex-President zu rietse Flillek an der Partei an deelt och änlech Hardliner-Positiounen. Hien deet awer am Contraire zum Donald Trump manner duerch Skandaler a politesche Chaos vu sech schwätzen.
Den Donald Trump huet iwweregens direkt op d'Kandidatur reagéiert an e Video publizéiert, an deem et heescht, et géif just ee ginn, deen Amerika erëm kéint grouss maachen - an dat wier hien.