De Jong war der Police no vun doheem fort an op d'Schinne gelaf. En Zuch, dee mat héijer Vitesse gefuer koum, konnt net méi mat Zäite bremsen.

Seng Famill hat hien zu deem Zäitpunkt schonn als vermësst gemellt. D'Onglécksplaz war just e puer honnert Meter vum Elterenhaus ewech.

Der Police no ass dee Klenge vun enger Gaardenanlag iwwer e klengen Niewewee direkt bis bei d'Schinne komm. Do ass hien du weidergelaf, op fräier Streck. Wisou dat klengt Kand eleng vun doheem fort, duerch d'Anlag an nach bis bei d'Zuchstreck lafe konnt, ass nach onkloer a soll weider ermëttelt ginn.

De Maschinist huet de Bouf éischten Informatiounen no eréischt dee Moment gesinn, wéi hie mam Zuch just nach e puer Meter vun him ewech war. De Mann huet direkt eng Noutbremsung ageleet, ma den Zuch, dee mat ronn honnert Passagéier besat war, konnt net méi mat Zäite bremsen. De Bremswee louch der Police no bei ongeféier 300 Meter.
Nom Ongléck am Raum Gröpelingen hunn d'Passagéier gutt zwou Stonne missen am Zuch waarden. Erausklammen op där Plaz, op fräier Streck wier net méiglech gewiescht. Eréischt dono konnt den Zuch bis bei d'Bremer Gare weiderfueren.