Sichaktioun a Portugal eriwwer

© FILIPE AMORIM / AFP
Virun 3 Deeg hat déi portugisesch Police eng nei Sichaktioun am Fall vum 2007 am Alter vun 3 Joer verschwonnene Madeleine McCann lancéiert.
Portugisesch, däitsch a brittesch Polizisten, grad ewéi portugisesch Pompjeeë waren un der Sichaktioun an der Géigend vum "Arade-Damm" an der portugisescher Algarve bedeelegt.
D'Madeleine war viru 16 verschwonnen, wéi hatt mat sengem Elteren an der Algarve an der Vakanz war.
D'Material, dat bei der Sichaktioun dës Woch séchergestallt gouf, gëtt elo un déi Justiz-Autoritéiten iwwerstallt, sou d'portugisesch Police an engem Schreiwes. Detailer doriwwer, wat genee bei der Sich fonnt gouf oder wat de But vun der Aktioun war, goufen net kommunizéiert.
D'Sichaktioun war op Initiativ vun der däitscher Justiz lancéiert ginn. Den däitsche Parquet jo zanter 2020 dovun iwwerzeegt, dass d'Meedche soll dout sinn. De Mäerder soll en däitsche Sexualstroftäter sinn, deen den Ament wéinst enger Vergewaltegung, déi hien a Portugal begaangen huet, an Däitschland am Prisong sëtzt.