18 Joer Prisong fir de Grënner vun den "Oath Keepers"

© CELAL GUNES / ANADOLU AGENCY / Anadolu Agency via AFP
De Stewart Rhodes ass vun engem Geriicht an der amerikanescher Haaptstad Washington D.C. zu enger Prisongsstrof vun 18 Joer verurteelt ginn.
Dat wéinst der Erstiermung vum US-Kapitol am Januar 2021. Et ass déi bis ewell héchste Prisongsstrof, déi an dësem Zesummenhang verhaange gouf.
De Rhodes ass de Grënner vun den "Oath Keepers" an hat zesumme mat anerer Membere vun der Miliz am Virfeld vum Stuerm op de Kapitol Waffen an engem Hotel an der Géigend vun der amerikanescher Haaptstad gelagert. Hie gouf wéinst dem Verschwiere géint d'amerikanesch Regierung a wéinnst Rebellioun schëlleg geschwat.
Wéi de Procureur am Prozess erkläert huet, wier de Rhodes wärend dem Stuerm op de Kapitol ewéi eng Zort Generol opgetrueden. Och wann hie selwer net an de Kapitol agedronge wier, hätt hien e groussen Afloss op dat gehat, wat deen Dag zu Washington passéiert wier.
De Parquet hat gefuerdert, dass d'Geriicht zeréckbehale géif, dass de Rhodes sech terroristesch verhalen hätt, an eng Strof vu mindestens 25 Joer ausschwätze géif.
D'Geriicht huet dat terroristescht Verhalen zeréckbehalen, ma huet et awer bei enger Strof vun 18 Joer belooss. Trotzdeem huet de Riichter en eescht Wuert un de Rhodes geriicht. Hie wier intelligent a charismatesch a géif grad dowéinst eng uerg Menace fir d'USA duerstellen.