Bei Manifestatiounen zu Paräis géint de franséischen Energiekonzern huet d'Police e Freideg mat Tréinegas op d'Demonstrante geschoss.

D'Beamten hu probéiert, d'Manifestanten domat auserneen ze dreiwen an dorun ze hënneren, op d'Plaz vun der Haaptversammlung vun TotalEnergies ze kommen. Dosenden Demonstranten hate sech e Freideg de Moie virun der Assemblée générale mat den Aktionäre versammelt, fir dës ze stéieren.

Si protestéiere géint de Bäitrag vun der Entreprise zu der Äerderwiermung. "Een, zwee an dräi Grad, dofir hu mir Total Merci ze soen", hunn d'Demonstrante geruff.

Déi franséisch Minister fir d'energeetesch Transitioun Agnès Pannier-Runacher huet de franséische Pëtrolskonzern TotalEnergies opgefuerdert, méi séier bei der Entwécklung vun erneierbaren Energien ze maachen. De Konzern géif wuel an Energien investéieren, mä den Enjeu wär grouss, fir méi séier ze maachen, esou d'Ministesch e Freideg de Moien um Radio FranceInfo.