Nodeems et en Donneschdeg an engem Gebai am Zentrum vu Sydney gebrannt huet, hu sech zwee Jonge vun 13 Joer bei der Police gemellt.

Wéi de Policespriecher Paul Dunstan matgedeelt huet, hunn d'Ermëttler an der Nuecht op e Freideg laang mat de Jonge geschwat, déi der Police "elo mat eisen Ermëttlungen hëllefen".

Donieft ruffen d'Autoritéiten déi dräi oder véier weider "jonk Leit, déi wärend dem Feier present waren" op, sech och mat hiren Eltere bei der Police ze mellen an "hiren Deel vun der Geschicht z'erzielen". Nom Ausbroch vum Feier en Donneschdeg war e Grupp vu Jonke gesi ginn, déi vum Gebai ewech gelaf sinn.

D'Feier war en Donneschdeg an engem Gebai mat siwe Stäck an der Géigend vun der Gare zu Sydney ausgebrach. Méi wéi 130 Pompjeeë waren am Asaz, fir de Brand ze läschen. Wéinst dem Asaz huet och de Betrib op der Gare misste fir kuerz Zäit gestoppt ginn.