Kand rifft Noutruff a gëtt selwer vu Polizist ugeschoss
Am Mississippi gouf en 11 Joer ale Bouf vun engem Beamten an d'Broscht geschoss, obwuel hien nëmmen den Instruktioune gefollegt huet.
E Samschdeg de Moien hat e Bouf aus Mississippi d'Police wéinst engem haisleche Konflikt geruff. Wéi et vun der Mamm heescht, wier géint 4 Auer moies de Papp vun engem vun hiren anere Kanner bei hinnen doheem opgedaucht. Well si sech duerch de Mann menacéiert gefillt hat, huet si hirem Jong gesot, d'Police ze ruffen.
Ee Polizist, dee kuerz drop bei hinnen ukoum, stoung scho mat der Waff virun der Dier, wéi d'Mamm d'Dier opgemaach huet. Doropshi goufen all d'Persounen am Haus opgefuerdert, erauszegoen. Wéi d'Mamm erkläert huet, wier hire Bouf doropshin derbäi komm an de Polizist hätt geschoss.
D'Kand koum mat enger Schosswonn an der Broscht an d'Spidol an huet knapp iwwerlieft, wéi et vum Affekot vun der Famill heescht. E Mëttwoch wier de Bouf aus der Klinik entlooss ginn, wier awer traumatiséiert a bréicht psychologesch Betreiung.
D'Famill fuerdert elo, datt de schëllege Polizist, deen d'Situatioun zum Eskaléiere bruecht hat, direkt entlooss gëtt. Bis ewell war hie just vum Déngscht suspendéiert ginn. "Mir verlaange Gerechtegkeet", huet den Affekot betount. "En 11 Joer ale schwaarze Jong war kuerz virdrun, säi Liewen ze verléieren. Hien hat näischt falsch gemaach." Den Affekot fuerdert, datt d'Opname vun der Bodycam verëffentlecht ginn an och d'Videomaterial vun enger Tankstell an der Géigend.
D'Police vu Mississippi huet sech bis ewell net zum Virfall geäussert.