Äerdbiewe bréngt Gebaier zu Tokio un d'Wackelen

© AFP/Richard A. Brooks
Wéinst engem Äerdbiewe vun der Stäerkt 6,2 virun der Küst vu Japan huet e Freideg de Moien de Buedem zu Tokio geziddert.
D'Biewe war de japaneschen Autoritéiten no an enger Déift vu 50 Kilometer virun der Pazifikküst an der Regioun Chiba. Engem éischte Bilan no gouf et beim dach staarken Äerdbiewe keng Blesséierter an och keng Materialschied.
D'Biewe war um 19.03 Auer Lokalzäit (12.03 Auer MESZ). Wéinst dem Biewe gouf den Zuchverkéier an der Géigend gestoppt, och den internationale Fluchhafen Narita zu Tokio gouf fir kuerz Zäit zougemaach. Eng Tsunami-Warnung gouf net declenchéiert. Och d'Atomkraaftwierker vum Land hu keng Opfällegkeete gemellt.
Nawell war d'Biewen an der 14-Milliounen-Awunner-Metropol Tokio däitlech ze spieren.
Ufank Mee hat een Äerdbiewe vun der Stäerkt 6,3 d'Regioun Ishikawa getraff. Ee Mënsch war hei ëm d'Liewe komm, 49 weider Persoune ware blesséiert ginn.
Bei neien Äerdbiewen a Japan kommen ëmmer nees d'Erënnerungen un 2011 héich. Dat staark Biewe vun der Stäerkt 9,0 hat een Tsunami ausgeléist. 18.500 Mënsche waren deemools ëm d'Liewe komm. En Tsunami hat d'Atomkraaftwierk Fukushima getraff an do zu Explosiounen an dräi Reaktere gefouert. Et war dat uergst Atomongléck zanter dem Gau zu Tschernobyl 1986.