USA kuerz virun der Insolvenz
Unzeeche fir Kompromëss am US-Scholdesträit

© AFP/Brendan SMIALOWSKI
Am Scholdesträit an den USA deit sech e Kompromëss un, dat ginn de President Biden vun den Demokraten, awer och d‘Republikaner ze verstoen.
Deemno kéint d‘Scholdegrenz fir zwee Joer eropgesat ginn. Aner Depensë vum Staat sollen awer agefruer oder gekierzt ginn.
Wa sech béid Partien net eens ginn, kéinten d'USA an d'Insolvenz falen, wat eng Wirtschaftskris mat sech brénge kéint. An den USA kéinten da Millioune Leit hir Aarbecht verléieren. Déi Insolvenz seet den amerikanesche Finanzministère fir de 5. Juni viraus, wann ee sech net eens gëtt. Déi aktuell Grenz vun 31,4 Billiounen Dollar ass zanter Méint erreecht.
Am meeschte gelies