Bei enger Maniff mat Dausenden Demonstranten huet de serbesche President, deen zu der Demo opgeruff hat, annoncéiert als SNS-Parteichef zréckzetrieden.

Nodeems et an de leschte Woche Manifestatioune géint de serbesche President Aleksandar Vučić ginn hat, huet hien zu der "gréisster Demonstratioun an der Geschicht vum Land" opgeruff. Zéngdausende Mënsche sinn dorop e Fréideg de Moie mat Busser an Zich an der serbescher Haaptstad Belgrad ukomm. Wéi et a serbesche Medien a vu Mënscherechtsgruppen heescht, solle wuel verschidden Demonstranten zu der Participatioun gedrängt gi sinn.

Bei der Usprooch vun Vučić huet de President erkläert, datt hien als Partei-Chef vun der riets-konservativer Partei SNS zrécktrëtt. "Dëst ass de leschten Owend, op deem ech als Chef vun der SNS mat Iech schwätzen." Wien den Aleksandar Vučić un der Parteispëtzt ersetze soll, ass nach net gewosst. E Samschdeg organiséiert d'SNS e Parteikongress.

D'Kritiker vum serbesche Presdient maachen de Vučić responsabel fir zwee Amokleef bannent 48 Stonnen um Ufank vum Mount. No den Dote mat 18 Doudesaffer waren Zéngdausende Mënschen op d'Stroosse gaangen, fir géint d'Waffegewalt a Serbien ze demonstréieren.

D'Unhänger vum Aleksandar Vučić, déi e Freideg fir d'Regierung demonstréiert hunn, "vertrauen de Mënschen, déi d'Land regéieren", wéi een 82 Joer alen Demonstrant der Noriichtenagence AFP géigeniwwer erkläert.

De serbesche President Vucic huet annoncéiert, als Partei-Chef vun der Riets-Konservativer Partei SNS zeréckzetrieden. Dat als Reaktioun op eng Rëtsch Demonstratiounen géint déi serbesch Regierung an der Haaptsaat Belgrad.

D‘Manifestanten ginn dem President d‘Schold un zwee Amokleef um Ufank vum Mount. Wien de Vucic un der Parteispëtzt ersetze soll, ass nach net gewosst.

Reiwereien am Nord-Kosovo

Am Nord-Kosovo ass et iwwerdeems nees zu Reiwereien tëscht serbeschen Demonstranten an der Police komm. D'Manifestanten hate probéiert, nei gewielte Buergermeeschteren dorun ze hënneren, hiert Mandat unzetrieden. Am Norde vum Kosovo liewen haaptsächlech Serben, déi Autonomie fuerderen a refuséieren, mat den albanesche Buergermeeschteren zesummen ze schaffen.

De serbesche President huet d'Arméi alertéiert a méi Zaldoten op d'Grenz geschéckt. Frankräich, Däitschland,  Italien,  Groussbritannien an d'USA fuerderen d'Zréckhalung vun alle Parteien.