Bei enger neier Sich no Spuere vum verschwonnene Meedchen wier portugisesche Medien no e "relevanten Hiweis" am Arade-Stauséi fonnt ginn.

Dräi Deeg laang gouf am Arade-Stauséi no Spuere vum Maddie McCann hunn d'Ermëttler e "relevanten Hiweis" fonnt, wéi d'Zeitung "Correio da Manha" mellt. Et solle "Stofffatzen a Plastikgéigestänn" fonnt gi sinn.

D'Sich soll sech no der Entdeckung op e bestëmmt Gebitt, dat als "Hippie-Camp" beschriwwe gëtt, konzentréiert hunn. Dobäi wieren ënnert anerem Sichhënn an eng Dron an den Asaz komm sinn. Donieft goufe Prouwe vum Buedem geholl.

D'Sichaktioun war vun den däitschen Autoritéiten initiéiert ginn. Déi Däitsch Police ass intensiv mam Fall beschäftegt, zanterdeem de Parquet vu Braunschweig 2020 annoncéiert huet, datt si am Vermësstefall géint den inhaftéierten Däitsche Christian B. wéinst Mord ermëttelen.

De Christian B. soll sech ëmmer rëm bei Arade-Stauséi opgehalen hunn an et säi "klengt Paradis" genannt hunn. Britteschen Noriichtesender no sollen déi däitsch Autoritéiten eng nei Sich ordonéiert hunn, nodeems nei Fotoe vum presuméierten Täter opgedaucht waren.

Déi séchergestallt méiglech Beweiser kommen elo fir eng forensesch Analys an Däitschland.