Op d'mannst 10 Mënsche sinn ëm d'Liewe komm, wéi an enger ofgeleeëner Regioun am Norde vu Pakistan eng Lawin ofgaangen ass.

Dat hunn d'lokal Autoritéiten e Samschdeg matgedeelt a gesot, dass et den Ament, wéinst dem Wieder, enorm schwéier wier, bei d'Plaz vum Ongléck ze kommen an d'Rettungsaarbechten an d'Weeër ze leeden.

Op d'mannst 10 weider Persoune goufe Blesséiert, wéi de Schnéi sech op engem Bierg tëscht de Regioune Kaschmir a Gilgit-Balistan geléist hat. Eng 35 Nomaden, déi um Wee zeréck an de Kaschmir waren, hätten hire Camp an der Géigend vun enger Schlucht installéiert a wiere vun der Lawin erfaasst ginn. Sou e pakistanesche Sécherheetsbeamte géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.