Wéi den taiwanesche Verdeedegungsministère matdeelt, hätten de "Flugzeugträger" "Schandong" an 2 aner Krichsschëffer d'Mierengt virun der Insel passéiert.

Ausserdeem hätte chineesesch Kampfjetten e Samschdeg déi inoffiziell Mier-Grenz tëscht béide Staaten iwwerschratt.

D'taiwanesch Arméi géif d'Entwécklung weider observéieren.

Peking gesäit Taiwan als Deel vu China un. D'Spannungen tëscht béide Länner hate sech an der Lescht verschäerft.