Honnerte Festname bei Klimaprotester

© ANP MAG / ANP via AFP
Fir déi mëttlerweil siwente Kéier hunn d'Klimaaktiviste vun "Extinction Rebellion" en Deel vun der hollännescher A12 blockéiert.
Dëse féiert zu Den Haag bei dat hollännescht Parlament an de Sëtz vun der hollännescher Regierung.
Wéi et vun den Aktivisten heescht, wéilte si mat der Aktioun géint 'Energiepolitik vun der hollännescher Regierung protestéieren. Hire Schätzungen no, wieren eng 3.000 Mënsche bei der Aktioun e Samschdeg op der Plaz gewiescht.
D'hollännesch Police huet da matgedeelt, dass honnerten Demonstranten op der Plaz festgeholl goufen. Vun der Noriichtenagence AFP heescht et, dass d'Police Waasserwerfer agesat hätt, fir d'Aktivisten drun ze hënneren, d'Autobunn ze blockéieren.