No wochelaange schwierege Verhandlungen hunn den US-President an de Chef vun de Republikaner e Prinzippien-Accord am Sträit ëm eng héich Scholdegrenz fonnt

Domat hunn den Joe Biden an de Kevin McCarthy eng weider Insolvenz vun den USA evitéiert. Elo mussen nach de Kongress, dee vun den Demokrate kontrolléiert gëtt an d'Representantenhaus ënnert de Republikaner dem Accord zoustëmmen.

Den Deal wier "e Kompromëss, wat heescht, datt net jiddereen dat kritt, wat e wëll", huet den US-President e Samschdeg den Owend erkläert. Ma e géing awer "katastrophal" Konsequenze verhënneren, déi "zu enger ekonomescher Rezessioun, zerstéierte Pensiounsfongen an dem Verloscht vu Milliounen Aarbechtsplazen gefouert hätten". D'Ofkommes "verréngert d'Depensen, wärend et essenziell ëffentlech Programmer schützt", huet de Biden weider betount.

Zum Kompromëss war et no schwierege Verhandlungen an engem weideren Uruff tëscht dem Joe Biden an dem Kevin McCarthy erreecht ginn. Wéi den Accord genee ausgesäit, ass nach net gewosst. Ma enger Partie US-Medien no soll de Plaffong vun der Scholdegrenz fir zwee Joer erhéicht ginn an domat iwwer d'Presidentschaftswal am November d'nächst Joer. Den Oppositiounschef McCarthy schwätzt iwwerdeem vun historesche Kierzunge bei de Staatsdepensen. E Sonndeg soll hien awer nach eng Kéier mam Joe Biden schwätzen, fir den endgültege Wuertlaut vum Projet de loi ze fixéieren an dësen de selwechten Dach nach ze publizéieren. D'Representantenhaus soll e Mëttwoch doriwwer ofstëmmen.
  Déi aktuell Scholdegrenz vun 31,4 Billiounen Dollar ass schonn zanter Januar erreecht.