E Sonndeg de Moien huet d'Police an der däitscher Haaptstad Berlin um Daach vun enger Stroossebunn de Kierper vun engem 19 Joer ale Mann fonnt.

Leit, déi op engem Arrêt am Staddeel Steglitz op d'Bunn gewaart hunn, haten d'Läich um Dach vun der Bunn gesinn an d'Police alarméiert. D'Bunn war awer deen Ament scho weidergefuer.
Se konnt schliisslech op der Gare Mexikoplatz gestoppt ginn, wou den Doudegen schliisslech fonnt gouf. Hien hat eng Rei Blessuren um Kapp.

Wéi de "Rundfunk Berlin-Brandenbuerg" mellt, géifen d'Ermëttler dovun ausgoen, dass de Mann sech beim sougenannten "S-Bahn-Surfen" déidlech blesséiert hätt. Beim "S-Bahn-Surfen" hale Leit sech un Zich fest, fir op dës Manéier matzefueren. Dobäi kënnt et ëmmer nees zu Accidenter.