Russeschen Ausseminister Lawrow kritiséiert Debatt ëm d'Liwwerung vu Kampfjetten

© MAXIM SHIPENKOV POOL / AFP
De Sergej Lawrow huet de Westen am Zesummenhang mat der Debatt ëm d'Liwwerung vun F-16-Kampfjetten un d'Ukrain virdru gewarnt "mam Feier ze spillen".
Wéi de russeschen Ausseminister an engem Interview op der russescher Tëlee sot, géif eleng d'Diskussioun ëm d'Liwwerung vun de Kampfjetten eng "inakzeptabel Eskalatioun" duerstellen. Washington, London an hir europäesch Vasale géifen d'Ukrain militäresch ënnerstëtzen, fir Russland eng strategesch Defaite bäizebréngen an d'Land ze zerstéckelen.
Déi westlech Alliéiert vun der Ukrain hate sech bis ewell geweigert, der Ukrain modern amerikanesch Kampfjetten ze liwweren. Ma virun annerhallwer Woch huet d'amerikanesch Regierung dunn allerdéngs Gréng Luucht fir d'Liwwerung vun F-16-Jetten aus amerikanescher Produktioun ginn. Den amerikanesche President Biden hat an dësem Zesummenhang matgedeelt, dass säin ukraineschen Homolog Selenskyj garantéiert hätt, dass d'Ukrain mat dëse Fligere keng Attacken op russeschen Territoire fléie géif.