Dem Plastik-Knascht op der Welt entgéintwierken

© AFP
Et si Gespréicher, déi schonns zanter Méint lafen an d’nächst Joer mat engem UNO-Accord sollen op en Enn kommen.
Zu Paräis waren dës Woch nees Vertrieder vun 175 Länner beieneen, fir ze beroden, wéi een dem ëmmer méi grousse Plastik-Knascht op der Welt kann entgéintwierken. An de leschten 20 Joer huet sech de Plastikverbrauch nämlech quasi verduebelt.
Manner Produktioun, de Recycling, an e Support fir Entwécklungslänner stoungen do natierlech am Fokus vun den Diskussiounen. Et war déi 2. vun am ganze 5 Berodungsronnen. D’nächst Joer soll deemno e verbindlechen UNO-Traité zustane kommen.
Eenzel Länner wéi China, Saudiarabien, Russland oder Indien wëllen awer verhënneren, dass eng Zwee-Drëttel-Majoritéit schonn duergeet, fir den Traité a Kraaft ze setzen.