D’Policen aus Däitschland, Lëtzebuerg an der Belsch hu kuerz drop mat Héichdrock nom potentielle Fluchtwon vun den Täter gesicht.

Et soll sech ëm en "héich motoriséiert Gefier" gehandelt hunn, heescht et an engem Schreiwes vun der däitscher Police.

Viséiert war e Bankomat vun der Kreissparkasse, op engem Parking vun engem Supermarché. Geschitt ass dat ganzt géint 2.50 Auer um Freideg. Et gouf keng Blesséierter.

RTL

© Domingos Oliveira

D’Enquête un der däitsch-lëtzebuergescher Grenz wier um Lafen.

Eventuell Zeie solle sech bei der Police mellen.

RTL

© Kevin Kayser / RTL