Bemannte Starliner-Raumkapsel-Fluch gouf anuléiert

© BILL INGALLS NASAAFP
Déi US-amerikanesch Aviatiouns-Entreprise Boeing muss e weidere Réckschlag an hirem Weltraum-Projet astiechen.
Den éischte bemannte Fluch vun hirer Starliner-Raumkapsel, dee fir Mëtt Juli geplangt war, gouf an der Nuecht op e Freideg nees annuléiert. Nei technesch Problemer wieren opgedaucht.
Am Mee d’lescht Joer war de Starliner eng éischte Kéier, ouni Leit u Bord, un d’Raumstatioun ISS ugedockt. En neien Datum fir en éischte bemannten Test gouf nach net matgedeelt.
Boeing wëll dono jo mat der NASA zesummeschaffen, fir Astronauten an den All ze fléien. D’NASA hirersäits sicht verschidde westlech Partner, fir net vu russesche Sojus-Rakéiten ofhängeg ze sinn.