A Moldawien gëtt sech op den Impakt vu der ukrainescher Géigenoffensiv virbereet.

Genee ka keen et viraussoen. D’Experte vum UNHCR an d’Hëllefsorganisatioune preparéiere sech op eng méiglech weider Flüchtlingswell. Op engem Ament, wou ëmmer méi Refugiéen, déi zanter iwwer engem Joer ënnert de Konsequenze vum Krich leiden, psychosozial Problemer kréien.

Den Ament ass d'Situatioun nach relativ roueg. Fir wéi laang? Eng Serie u Rakéitenugrëff op d’Hafestad Odessa. D’ukrainesch Géigenoffensiv, déi op Toure kënnt. An d’Zuel u Flüchtlinge ka vun engem Dag op deen aneren nees drastesch eropgoen.

"C'est assez difficile de prévoir prédire l'impact. Ce qui est clair, c'est que nous avons travaillé depuis plusieurs mois maintenant avec le gouvernement à un plan de contingence et différents scénarios possibles. Avec des capacités renforcées au niveau de la frontière pour accueillir de nouvelles arrivées de réfugiés, si jamais c'étais le cas", sou de Bertrand Blanc, Vertrieder vum UNHCR a Moldawien.

D’Antonina huet hir Heemecht Dnipro am Abrëll d’lescht Joer verlooss. Am Flüchtlingsheem lieft si an Tëschenzäit net méi. Zesumme mat hirem Mann huet si e klengt Appartement gelount. An awer kënnt si, wéi vill Ukrainer, reegelméisseg hei hin zeréck. Fir materiell Hëllef, kofinanzéiert vum Lëtzebuerger Roude-Kräiz.

D'Viorica Turcanu vum moldawesche Roude-Kräiz erkläert: "Eng 3.060 Familljen hu vu Liewensmëttel profitéiert, déi d’Lëtzebuerger Rout-Kräiz finanzéiert huet. Dobäi kommen 1.276 Päck mat Artikele fir d’Hygiène."

Gewaart huet déi 75 Joer al Antonina och op d’Doktesch vum Zenter. Gesondheetlech geet et hir net gutt. De Krich, de Stress, d’Suergen ëm d’Famill, alles kënnt beieneen. Mat vill Emotioun weist d’Fra ons Fotoe vun hirem eenzege Fils. Deen zanter Méint un der Front kämpft.

Psychologesch Hëllef ass fir vill Krichsflüchtlingen dat, wat se u sech am meeschte brauchen.

D’Irina ass Mamm vun engem 3 Joer ale Jong. Wärend 2 Méint huet d’Famill an der Stad Cherson ënnert de Bombardementer gelieft. Op ee Coup huet de Bouf opgehale mat schwätzen.

D'Myriam Jacoby, Responsabel fir international Urgencë beim Lëtzebuerger Roude-Kräiz: "Dat ass ganz, ganz wichteg. An haaptsächlech fir d'Kanner, déi geflücht sinn. Aus deene Regiounen. Déi Saache gesinn hunn. Déi hiert Liewen nees mussen opbauen. Awer och fir d'Mammen an d'Grousselteren, déi meeschtens mat geflücht sinn. Meeschtens ass et ëmmer d'Kanner, d'Mamm an d'Groussmamm, déi geflücht sinn. An d'Männer hannert sech gelooss hunn. Dat ass net ëmmer einfach dem Kand z'erklären, jo däi Papp wäers de just iwwer WhatsApp gesinn."

"Loosst ons net falen", ee Saz, deen een hei a Moldawien, no un der Grenz mat der Ukrain ëmmer nees héiert. Fir vill Familljen dauert de Krich scho vill ze laang. D’Ongewëssheet, wéini si zeréck an d’Heemecht kënnen? Wat se dann do erwaart? Belaascht d’Leit vun Dag zu Dag ëmmer méi.