Forensesch Experten hu sech elo dru gemaach, fir d'Läichen z'identifizéieren, déi aus dem Floss Zapopan erausgeholl goufen.

Dës makaber Decouverte gouf am Kader vun enger Sichaktioun en Donneschdeg gemaach, dat well am ganzen 8 Persounen an der Géigend als vermësst gegollt hunn, sou déi lokal Autoritéiten. Wéi et heescht wieren an de 45 Säck déi aus dem Floss gezu goufen, souwuel männlech, wéi och weiblech Kierperdeeler fonnt ginn.

RTL

© AFP/ULISES RUIZ

Bei den 8 vermësste Persounen handelt ech sech ëm 2 Fraen a 6 Männer, all ëm 30 Joer. Se all goufen onofhängeg vuneneen als vermësst gemellt. D'Ermëttler hunn elo rausfonnt, dass se alleguerten an deem selwechte Call Center geschafft hunn.

Ëm wéi vill Affer et sech tatsächlech handelt, ass nach net gewosst.