Wien ass déi ominéis Söldner-Grupp "Wagner"?

© AFP PHOTO / TELEGRAM CHANNEL OF CONCORD GROUP
D'Mercenaire vum Jewgeni Prigoshin hunn am Ukrain-Krich vu sech schwätze gedoen. Mat engem Expert kucke mer op d'Hannergrënn an d'Geschicht vu Wagner.
Éier mer awer zu der Wagner-Grupp selwer kommen, kucke mir op hire Chef, deen zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain ëmmer méi an d'Ëffentlechkeet getrueden ass.
Jewgeni Wiktorowitsch Prigoschin: Vum Prisonéier zum Oligarch
Wéinst Klaue gouf de jonke Prigoschin 1979 zu 13 Joer Prisong verurteelt, koum awer schonn 1990 nees op fräie Fouss. Fir ausserhalb vun de Maueren ze iwwerliewen, huet de Prigoschin misste Sue verdéngen an dobäi war hien deen éischten a senger Heemechtsstad Sankt Petersburg, deen op en Trend, deen aus den USA koum, opgesprongen ass: De jonke Prigoschin huet Hot Dogs verkaf. Aus engem Stand goufen et der méi, aus méi Stänn goufe Fast-Food-Restauranten, aus de Fast-Food-Restaurante gouf e Catering-Service an eng Restaurantschaîne.
An der selwechter Zäit, wéi de Prigoschin Karriär an der Gastronomie zu Sankt Petersburg gemaach huet, huet e jonke fréiere KGB-Agent mam Numm Wladimir Putin an dëser Stad seng politesch Karriär ugefaangen.

© AFP
An engem Interview huet de Prigoschin gesot, datt de Kontakt zum Putin duerch ee vu senge Restaurante komm ass, wat dem Geschäftsmann vill bruecht huet. Wéi de Putin an der Politik ëmmer méi wichteg ginn ass, goufen d'Opträg fir de Prigoschin méi interessant. Hien huet Staatsgäscht wéi de fréieren US-President Georges W. Busch bekacht a seng Catering-Firma krut Opträg fir Schoulen, Spideeler oder och d'Arméi mat Iessen ze beliwweren.
Dës Kontakter zum haut wichtegste Mann a Russland hunn dem Prigoschin net just Suen a Bekanntheet, mä och eng gewësse Muechtpositioun abruecht. Mat der Basis vun der Restaurantschaîne an dem Catering-Service an dem direkte Kontakt zum President Putin huet de Jewgeni Prigoschin iwwer Joren en Netzwierk un Entreprisen a Geschäfter opgebaut, déi bäi wäitem net all eppes mat Iessen ze dinn haten.
Ënnert dësen Entreprisë ginn et och zwou sougenannten Trollfarmen: D'Internet Research Agency an d'Research and International Cooperation Association. Mat béiden Entreprisë probéiert de Prigoschin an domadder och Russland, fir Afloss op Walen op der ganzer Welt ze huelen. Fir de Politolog Malte Riemann ass kloer, datt d'IRA an RICA grad an den nächste 16 Méint ganz wichteg Rolle wäert spillen, wann a ville Länner op der Welt, a grad an Afrika gewielt gëtt. Béid Entreprisë ginn nämlech agesat, fir geziilt Propaganda a Feelinformatiounen ze verbreeden, fir esou d'Walen an eng russesch positiv Direktioun ze beaflossen.
Mat der Krim-Kris 2014 huet de Prigoschin sech dann och an d'Geschäft vun de private Militärentreprisen agemëscht an d'Wagner-Grupp matgegrënnt.
Wagner: Privat Entreprise oder verlängerten Aarm vu Russland?
Obwuel d'Wagner-Grupp schonn 2014 gegrënnt an agesat gouf, ass de Prigoschin offiziell eréischt wärend dem Ukrain-Krich als de Chef, als d'Gesiicht opgetrueden. Virdru war den Dmitri Walerjewitsch Utkin d'Gesiicht vun de Söldner. Den Numm Wagner kënnt dann och vum Utkin. Den Neonazi huet eng Virléift fir d'Ästhetik an d'Ideologie vum drëtte Räich, esou datt säin eegne Kampfnumm scho "Wagner" war, bezunn op de Richard Wagner, de Liiblingskomponist vum Adolf Hitler.
D'Wagner-Grupp sollt awer net just u Kampfhandlungen deelhuelen, mä ass och un Ausbildungsmissiounen an Afrika* oder am Noen Osten am Asaz. Dës Ausbildung vun Truppen ass eng wichteg Geldquell fir d'Söldnergrupp*.
Wagner gëtt ëmmer als privat Militärentreprise bezeechent, ass awer e verlängerten Aarm vu Russland.
Dacks sinn d'Operatiounen am Aklang mat russeschem Interessi, donieft huet Wagner als Firma awer och eege wirtschaftlech Interessen. Dës sinn awer ëmmer am Aklang mam russesche Staat, seet de Politolog a Wagner-Expert Malte Riemann.
Zu den Interessie vum russesche Staat ënnerstëtzen, gehéieren dann och déi schonn erwäänten Desinformatiounscampagnen, mat deenen een Afloss op Walen iwwerall an der Welt wëll huelen, ma awer och Militäroperatiounen, Ënnerstëtzunge vu Rebellen oder eben d'Formatioun vu regulären Arméien am Ausland.
Duerch déi Ausbildungsmissioun entsteet e globale Konflikt, seet de Malte Riemann. Et gëtt gekuckt, wien huet de gréissten Afloss duerch d'Formatioun vun Truppe weltwäit. Wagner iwwerhëlt dës Roll dann zum Deel fir de russesche Staat, well dëst ebe méi Käschtegënschteg ass, wéi déi eegen Arméi ze schécken, an awer och, well Russland dann ëmmer ka soen "Nee, mir waren dat net, dat ass eng privat Firma".
Ass Wagner eng kriminell oder schonn eng terroristesch Organisatioun?
D'USA hunn d'Wagner-Grupp rezent op d'Lëscht vun der organiséierter Kriminalitéit gesat. Dëst war e wichtege Schrëtt, fir der Grupp d'Loft ze huelen an deene Beräicher, wou si Geschäfter am kriminelle Milieu maachen, seet den Expert. An Afrika* kritt d'Grupp vum Prigoschin ganz dacks als Austausch fir hir Déngschter Zougrëff op Materialien, wéi Diamanten oder Gold. Dës ginn dann am grousse Stil aus de Länner geschmuggelt.
Et wier wichteg, eng Handhab ze kréien, fir den Afloss vu Wagner an deene Länner anzeschränken. Et wier an deem Kader wichteg, datt et Schrëtt an d'Richtung géif ginn, datt ee Multilateral géint Wagner virgeet: Datt sech Europa an d'Vereenegt Staaten zesumme Gedanken driwwer maachen, wéi se géint Wagner virginn an datt méi Staaten hei zesummen handelen, esou de Malte Riemann. D'Firma dann, wéi Frankräich et fuerdert, als Terrororganisatioun ze klasséieren, géif den Zougrëff méi einfach maachen a méi Staate wäerten dofir stëmmen. Vläicht wier dann och de Begrëff "Terrorismus" eng Méiglechkeet, fir op méi Levelen an a méi Länner eng Äntwert op de Wagner-Problem ze fannen.
Waffe fir Wagner kommen net just aus Russland

© AFP
Wagner ass rezent ëmmer nees an de Medie gewiescht, well sech hire Chef Prigoschin iwwert déi schlecht Liwwerungen u Material a Waffen opgereegt huet. Ma Wagner bezitt seng Waffen net just aus Russland, ma den USA no och aus dem Mali an et kristalliséiert sech ëmmer nees eraus, datt och Liwwerungen aus Nordkorea kommen, esou de Malte Riemann. Fir Nordkorea huet dëst den Avantage, datt déi staatlech Sanktioune géint d'Land duerch eng privat Entreprise wéi Wagner kënnen ëmgaange ginn. Géif ee se nach méi streng als kriminell Organisatioun oder Terrorganisatioun astufen, kéint déi international Communautéit op Waffeliwwerungen u Wagner nach méi eng Handhab kréien.
Wien ass den Dr. Malte Riemann?
De Malte Riemann huet dräi Fuerschungsschwéierpunkten op der Universitéit vu Glasgow: Strategiefuerschung, d’Transformatioun vun der Krichsféierung an d’Roll vun net-staatlechen Acteuren a Kricher.
*Op d'Missioune vu Wagner an Afrika gi mer an engem weideren Deel vun eiser Serie iwwert d'Wagner-Grupp an.