Zanter Ufank 2023 hätt d'Land bis ewell 307 Mënschen higeriicht, op d'mannst 142 dovunner am Mount Mee.

Dat op alle Fall schreift d'Mënscherechtsorganisatioun Iran Human Rights (IHR), déi hire Sëtz an Norwegen hunn. Esou vill Exekutiounen an engem Mount hätt et am Iran zanter 2015 net méi ginn. Vun anere Mënscherechtsorganisatiounen, wéi Amnesty International, gëtt et vill Kritik um Regime an un der Praxis am Iran. Vill Geriichtsprozesser wieren onduerchsichteg an dacks hätten d'Leit Saachen, déi zu der Doudesstrof féieren, gestanen, well si gefoltert goufen.

Am Iran fuerdere vill Mënschen a virun allem Fraen, an de leschte Méint méi Rechter an. Bis ewell goufen och siwe Leit higeriicht, déi un de Protester deelgeholl hunn. "D'Intensivéierung vu willkürlechen Hiriichtungen duerch d'Islamesch Republik soll der Gesellschaft Angscht maachen, fir Protester ze verhënneren". Esou wéilt d'Féierung zu Teheran hir Herrschaft verlängeren, kritiséiert den Direkter vum IHR Mahmood Amiry-Moghaddam.

Déi Lëtzebuergesch Asbl "Un(e) artiste, Un(e) condamné(e)" widmet iwwerdeems all am Iran zum Doud verurteelter Persoun ee Konschtwierk. Esou huet zum Beispill d'Aude-Laurence Biver d'Lidd "Une sorcière comme les autres" fir d'Zahra Nabizadeh interpretéiert. Déi jonk Kurdin gouf am Dezember festgeholl, wou si am 6. Mount schwanger war. Si gouf zum Doud verurteelt an huet hiert ongebuerent Kand am Prisong verluer.