Knapp 300 Doudeger an iwwer 900 Blesséierter bei Zuchongléck

© JAYANTA SHAW AFPTVAFP
E Freideg den Owend ëm 7 Auer Lokalzäit ass et an Indien zu engem ganz uergen Zuchaccident komm. De Bilan vun den Affer klëmmt weider.
Leschten Informatiounen no solle knapp 300 Persounen ëm d'Liewe komm sinn an der iwwer 900 blesséiert gi sinn. D'Rettungsekippe sinn op der Plaz am Asaz. Et geet een dovunner aus, datt d'Zuel vun den Affer nach klamme wäert.
E Passagéierzuch soll entgleist sinn, esou dass eng Rei Waggonen op en anert Gleis gefall sinn, mat deenen dunn e Schnellzuch kollidéiert ass. Um Enn ass wéi et schéngt och nach e Gidderzuch an déi accidentéiert Zich gerannt. Déi genee Ursaach vum Accident ass nach net gewosst.

© DIBYANGSHU SARKAR AFP
De Premier Narendra Modi huet sech déif getraff vum Accident op Twitter gewisen an eng Enquête-Kommissioun annoncéiert.
Hien huet de Blesséierten eng séier Besserung gewënscht. De Famillje vun den Affer huet en eng Entschiedegung an Héicht vun 200.000 Rupien versprach, ëmgerechent knapp 2.300 Euro.

© AFP
Op Videoe vun der Plaz gesäit ee wéi Secouriste verzweiwelt probéieren, Blesséierter ënnert den ëmgekippten Waggonen erauszekréien. Och dowéinst muss een dovun ausgoen, dass d'Zuel vun Doudesaffer a Verwonnten nach klëmmt.
Accidenter um Reseau vun der Bunn sinn an Indien net rar. Allerdéngs gehéiert dat Ongléck zu de schlëmmsten an de leschte ronn 10 Joer.