Zu Belgorod sollen zwou Fraen ëm d'Liewe komm sinn, behaapt de Gouverneur vun der Regioun.

Si wären an hirem Auto vu Spläitere vun enger Granat getraff ginn. Den zoustännege russesche Gouverneur mécht d'ukrainesch Arméi dofir responsabel. Dat léisst sech wéi sou dacks awer net onofhängeg iwwerpréiwen. Do virdrun hätt et och Attacken an anere Grenzgebitter ginn.

D'Ukrain dementéiert, russeschen Territoire z'attackéieren. Kiew erkläert, et géife russesch Corpse vu Benevollen dohannert stiechen.

Ëmmer nees revendiquéieren effektiv zwou paramilitäresch Gruppéierungen d'Attacke fir sech. Déi bestinn aus russeschen Nationalisten, déi aktuell awer un der Säit vun der Ukrain kämpfen.

De paramilitäresche Grupp Wagner seet sech da prett, fir déi russesch Regioun Belgorod ze verdeedegen. De Wagner-Chef Jewgeni Prigoschin sot, datt wann de Verdeedegungsministère dës Ugrëff an der Grenzregioun net gestoppt kréich, da géing een natierlech do intervenéieren.

Hie sot och, datt de Wagner Grupp sech elo zu 99% aus der ukrainescher Regioun Bachmut zeréckgezunn huet.

Iwwerdeems gouf an der Nuecht op e Samschdeg och déi ukrainesch Haaptstad Kiew vun de russeschen Truppe bombardéiert. 15 Rakéiten an 21 Drone wären ofgefaange ginn, mellt déi ukrainesch Loftwaff.