Nees Protester vu Lénksextremen an Däitschland

© SEBASTIAN WILLNOW DPAdpa Picture-Alliance via AFP
Grond dofir ass d'Urteel géint déi lénksextrem Studentin Lina E.
Si krut jo reprochéiert mat aneren Lénksradikalen Attacken op Persounen aus der rietsextremer Zeen begaangen ze hunn, a gouf dofir zu fënnef Joer Prisong condamnéiert. E Samschdeg ass e lénksautonomen Solidaritéitsdag geplangt. De sougenannten "Dag X" zu Leipzig gouf vun engem Geriicht zwar verbueden, ma trotzdeem gëtt mat Aktioune gerechent.
An der Nuecht op e Samschdeg war eng soss friddlech Versammlung zu Leipzig eskaléiert, wéi méi ewéi honnert Vermummter mat Steng a Pyrotechnik op Polizisten geheit haten. D'Police huet Tréinegas agesat.
E puer Beamten koumen liicht blesséiert an d'Spidol, grad ewéi e Journalist. Et goufen dräi Festnamen.
Grouss Deeler vu Leipzig sinn zanter e Freideg den Owend sougenannt Kontrollberäicher. D'Police kann theoretesch jiddereen unhalen an d'Pabeieren kontrolléieren.