Virun 2 Wochen huet d’Regierung annoncéiert, dass Lëtzebuerg 2024 beim Eurovision Songcontest dobäi ass, eppes dat vill international Opmierksamkeet krut.

An awer mierkt ee relativ séier, wann een an d’Ausland reest, wéi grouss d’Ongewëssheet ronderëm Lëtzebuerg trotz Presenz an de Medie bleift, an dat och an europäesche Länner wéi England. Eng Korrespondenz vum Madeleine Schmit vu Bristol. Virun e puer Wochen hat Lëtzebuerg jo offiziell annoncéiert, nees Wëlles ze hunn, d'nächst Joer beim Eurovision Song Contest mat ze maachen. De Comeback vu Lëtzebuerg no enger 30 Joer laanger Paus sollt net nëmmen national fir vill Reaktioune suergen, mee och an internationale Medien immens thematiséiert ginn. Esou gëtt och hei an England méi wéi soss iwwert eist Heemechtsland geschwat. An trotzdeem ass et heiansdo erstaunlech, wéi wéineg d'Läit schlussendlech kulturell, wéi och geografesch iwwert d'Lëtzebuerger Land Bescheed wëssen.

Als Lëtzebuerger muss een drop gefaasst sinn, dass een hei mat ganz ville Froen iwwert eis Sprooch konfrontéiert gëtt. Ganz dacks kritt een dann d’Fro gestallt, op et engem net ze schwéier fale géing, seng Mammesprooch Franséisch net all Dag hei schwätzen ze kënnen. Op d’Äntwert, dass een doheem keen Däitsch a kee Franséisch schwätzt, mee am Fong Lëtzebuergesch, an dass et déi Sprooch tatsächlech gëtt, kritt een da meeschtens skeptesch Blécker als Reaktioun. Wéi sech lëtzebuergesch schwätzen unhéiere géing a wat ee sech dorënner virstelle sollt, sinn da meeschtens déi nächst Froen op deenen een eng Äntwert soll fannen.

Immens faszinéiert sinn d’Léit da meeschtens och iwwert d’Gréisst vum Land a wëllen dacks wëssen, ob et dann esou kleng wéi Bristol wier, an zwar 100 Kilometercarré grouss. Ma fir d’éischt kënnt awer dacks d’Fro, wou Lëtzebuerg da genee läit, an ob een aus dem franséisch oder däitsch-sproochegen Deel vum Land komme géif. Och wéi vill Awunner, Flughäfen a Stied d’Land dann iwwerhaapt hätt si Froen, déi immens gäre gestallt ginn an op deenen d’Äntwerten dacks fir vill Staune suergen.

Heiansdo trëfft een awer och op Leit fir déi Lëtzebuerg net esou mysteriéis ze si schéngt. Verschiddenen Awunner hei brauch een net méi z’erklären, dass eist Land nieft engem Premier och e Grand-Duc huet a Franséisch net eis gängeg Sprooch ass. An awer kann et definitiv net schueden, e puer Schlësselwierder iwwert eis Heemechtsland prett ze hunn, falls een an Zukunft vir huet, an d’Ausland ze reesen.