Sechs Doudeger bei Ausschreidungen

Demonstrant zu Dakar / © AFP
Bei de gewaltsamen Zesummestéiss tëscht der Police an de Supporter vun der Oppostioun am Senegal si weider sechs Mënschen ëm d'Liewe komm.
Wéi de Spriecher vum senegaleseschen Inneministère, Maham Ka, e Samschdeg matgedeelt huet, gouf et an der Haaptstad Dakar e Freideg bei Onroue véier Doudeger an an der südlech geleeëner Stad Ziguinchor zwee Doudeger.
Domadder klëmmt Zuel vun Doudegen zanter dem Ufank vun den Onrouen en Donneschdeg op 15. Ausgeléist gi waren d'Ausernanersetzungen duerch d'Prisongsstrof vum Oppositiounschef Ousmane Sonko. E Geriicht hat hie wéinst "Verféierung vun der Jugend" zu zwee Joer Prisong verurteelt. Hie soll eng jonk Fra zu onwierdegem Verhalen ugestëft hunn.
D'Urteel stellt dem Sonko seng Kandidatur fir de Poste vum President bei de Walen d'nächst Joer a Fro.