Erdogan fir drëtt Amtszäit vereedegt

De Recep Tayyip Erdogan a seng Fra / © Press Office of the Republic of Turkey/AFP/Handout
No senger Victoire bei der Stéchwal de leschte Weekend ass den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan fir weider 5 Joer vereedegt ginn.
Virun de 600 Deputéierte vun der Nationalversammlung zu Ankara huet de Recep Tayyip Erdogan e Samschdeg säin Eed ofgeluecht. Duerno gouf et eng Zeremonie am Presidentepalais. Hei huet hie seng Géigner zur Versönung opgeruff.
Bei der Zeremonie waren och eng ganz Partie Staatscheffen aus der ganzer Welt mat dobäi. Och den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg war present.
Den Erdogan hat sech de leschte de Sonndeg an der Stéchwal mat 52 Prozent vun de Stëmme géint de sozialdemokrateschen Oppositiounskandidat Kemal Kilicdaroglu duerchgesat.