“Et gëtt keng Plaz, wou ee keng Droge ka verstoppen”
Etoile-Hazeldonk, sou heescht déi grouss international Kontroll-Aktioun am Kampf géint den Drogentrafic an -Tourismus, déi den 3. Juni duerchgefouert gouf.
11 Waffen, 22.000 Euro Cash a méi wéi 3,5 Kilo Drogen. Dat gouf bannent 4 Deeg an der Belsch fonnt am Kader vun der internationaler Kontroll-Aktioun Etoile-Hazeldonk. E Projet, deen et schonn zanter 2006 gëtt, mam Zil déi grenziwwerschreidend Kriminalitéit ze bekämpfen – virop den Drogenhandel.
Et ass schonn déi drëtt gemeinsam Aktioun dëst Joer, un där belsch, hollännesch a lëtzebuergesch Ekippen deelhuelen. Aus dem Grand-Duché ass ënnert anerem d’Carole Nau vum Service Spécialisé Cynotechnique vun der Douane dobäi:
“Fir eis ass déi Zesummenaarbecht immens interessant, fir och Kontakter ze maachen a sech mat den auslännesche Kolleegen auszetauschen. An och Erfarungen ze sammelen, déi mir vläicht net bei eis hunn, well mir eng aner Clientèle oder Situatiounen hunn. Et ass och flott kënnen ze weisen, dass mir als klengt Lëtzebuerg ganz gutt mat eise staarken Hënn hei vertruede sinn.”
138 Persounen sinn eleng den 3. Juni op engem Parking laanscht d’Autobunn E25 an der belscher Gemeng Fourons kontrolléiert ginn. Besonnesch an där do Regioun, just 15 Kilometer vu Maastricht ewech, wier den Drogentourismus e grousse Problem, esou den Alain Stas, Chef de Corps vun der Police vu Fourons. Bei 19 Leit sinn effektiv Droge fonnt ginn.
Och wann hir Clienten heiansdo mat alle Waasser gewäsch sinn, sou ginn de Marc Schmit a seng Kolleege vun der Douane all eenzel Spuer no, am Kampf géint den Drogenhandel:
“Et muss een ënnerscheeden tëscht engem klenge Konsument, dee vläicht fir säin eegene Konsum e bëssen Droge bei sech féiert – dat ass net dat, wat eis Unitéit onbedéngt sicht – mir sinn éischter als Douane do fir den Drogentraffic, den Drogeschmuggel. An do si wierklech keng Grenze gesat: Autoe mat amenagéierte Cachetten, wou eis Hënn eis Indizie ginn, an duerno si mir gefuerdert, fir déi Autoe komplett ze demontéieren, bis mir se fannen.”
D’Hënn Gwen a Balto, déi d’Lëtzebuerger Douane dobäi hat, haten op alle Fall méi wéi genuch ze dinn.