Et ass e Kompromëss a quasi leschter Sekonn an den USA. Eng Insolvenz konnt verhënnert ginn.

D'Scholdegrenz gëtt also bis uganks 2025, also no de Presidentiellen, ausgesat. De President Joe Biden huet dat entspriechend Gesetz ënnerschriwwen, nodeems hien mat vill méi e Kompromëss am Kongress erreecht hat. Demokraten an Republikaner hunn domat e massiven ekonomesche Schued fir d'Vereenegt Staaten evitéiert.

Wär d'Limitt fir Scholden am US-Staatsbudget net ausgesat ginn, wär déi gréisst Vollekswirtschaft op der Welt scho vun e Méindeg un eng éischter Kéier an hirer Geschicht warscheinlech net méi kapabel gewiescht ze bezuelen.

D'Suitten dovun wäre Panik um Aktiemaart, Entloossungen an eng Rezessioun an den USA gewiescht. Mat weltwäite Repercussiounen.